Special Edition
De Pier huet News a steet Ried an Äntwert. Vill Spaass beim Lauschteren a mellt iech gär bei him!
De Pier huet News a steet Ried an Äntwert. Vill Spaass beim Lauschteren a mellt iech gär bei him!
An eiser neier Episod sinn de Jamie & de Larry Invité. Eis Volontairë schwätzen iwwer hier Erfarunge bei youngcaritas.
An eiser neier Episod hunn ech nees de Pier als Invité. Mir schwätzen iwwer d'Changementer an iwwer youngcaritas eco adventures.
An dëser Episod ass alles kuerz a knackeg gehalen an trotzdeem gëtt et Spannendes ze zielen. Wéi waren déi éischt Aktivitéiten a wisou ware mir nom cook & connect net méi sou connected? Lauschter eran a fann et raus!
Wëllkomm zréck bei Let's talk about dem youngcaritas Podcast.
An eiser neister Episod gitt dir gewuer wéi d'Joer 2025 gestart huet a wat fir Ännerunge mam Joreswiessel ustinn. Ausserdeem lauschtere mir an eng Aktivitéit eran, wat et esou och nach net gouf.
An dëser Episod vu Let’s talk about dem youngcaritas Podcast begréisse mir d'Anisa, de Patrick an den Eric. Außerdem loosse mir zesummen mam Pier an mam Chris 2024 Revue passéieren a kucken zesummen iwwer déi kommend Aktivitéiten am Dezember.
An eiser neier Episod schwätzen ech mam Fabienne a mam Lynn iwwer hir Erfarungen am Bénévolat an d'Aufgabe bei youngcaritas. Du wëlls wësse wéi ech, d'Lynn an d'Fabienne eis kennegeléiert hunn? Da lauschter elo eran!
P.S.: Du wëlls deng Erfarungen am Podcast deelen an/oder souguer selwer en Deel vum Podcast ginn andeems du mam Anne d'Moderatioun iwwerhëlls? Da mell dech beim Chris!
An eiser neier Episod sinn ech leider ouni d'Anaïs ënnerwee, mee den Nick huet sech als kompetente Podcast-Partner gestallt. Wisou den Nick net op der Woodstock Garden Party an ech net bei Kache mat... dobäi war, fann dir just eraus, wann dir bis eralauschtert.
An eiser Abrëll Episod hu mir keen Invitée, dofir schwätze mir awer méi am Detail iwwer eis Erfarunge bei youngcaritas. Du wëlls wësse wisou mir eise Benevolat a Volontariat bei youngcaritas ugefaangen hunn a wisou eng Fotosausstellung immens emotional ka sinn? Da lauschter an eis nei Episod eran!
An eiser éischter Episod vu Let’s talk about dem youngcaritas Podcast begréisse mir de Pier an de Chris. Si zwee schaffen als fest Mataarbechter bei youngcaritas a ginn eis doduerch e ganz aneren Abléck an de youngcaritas Alldag. Ënner anerem loosse mir de Mount Mäerz Revue passéieren a kucken zesummen iwwer d’Aussiicht fir de kommenden Abrëll. Ausserdeem luusse mir e bëssi hannert Kulissen a gi gewuer wéi et ass al a nei Aktivitéiten ze organiséieren an ze plangen.
Wann dir wësse wëllt firwat eis éischt Aktivitéit am Abrëll esou witzeg ass, da lauschtert bis eran.
1/2
Next page